RTL, 3 MARS 2020 : De Parfum: reliéis, medezinnesch… an haut banaliséiert par Raphaëlle Dickes.

REPORTAGE : De Parfum: reliéis, medezinnesch… an haut banaliséiert par Raphaëlle Dickes.

Wéi ee Parfum huelt dir dann? Haut ass dat jo e Produkt fir jiddereen. Laang Zäit awer war de Parfum just fir d‘Elite erschwénglech, huet en dach aus aussergewéinlechen an deieren Ingredienten bestanen. E gouf als Medikament oder fir reliéis Zwecker benotzt. Datt d’Geschicht vum Parfum eng spannend ass, dat huet déi renomméiert franséisch Anthropologin, Philosophin an Doft Historikerin Dr Annick Le Guérer viru kuerzem op enger Konferenz am Cercle Munster däitlech gemaach.